Den Ouschterhues kuckt VOtv.

Bei all neier Souscriptioun zwëscht dem 29. März an dem 12. Abrell, kritt dir dei eischt VOtv-Box gratis dobäi.

votv_easter_promo_2024_en

Komplizéiert Tarifer? Net mat eis

3 Offeren, all Senderen ëmmer inklusiv. Sou einfach ass dat.

Mäi perfekten TV-Pak ass ...

VOtv Smart

19.90/ Mount
Aktivéierung: 49.90€
75 Opnamen
2 Streams
Auswielen

VOtv Comfort

23.90/ Mount
Aktivéierung: 49.90€
150 Opnamen
3 Streams
Auswielen

VOtv Family

27.90/ Mount
Aktivéierung: 49.90€
250 Opnamen
4 Streams
Auswielen
4K-fähig

VOtv-Box

4.50/ Mount
1Box

4K-Opleisung, Dolby Vision, Dolby Digital Plus & Dolby Atmos, WiFi, Bluetooth...dat perfekten Häerzstéck fir däin Home Cinema.

Auswielen
Für Online-Bestellungen

Gratis VOtv-Box

1Box

Vom 29.03. bis 12.04. schenken wir dir eine VOtv Box als Eigentum.
Weitere Boxen kannst du im Online-Bestellprozess für je 99,80€ dazu bestellen.

Auswielen

Nëmmen d'Apps

Ech brauch keng VOtv-Box fir meng Tëlee a wäert nëmmen d'Apps benotzen.

Keng VOtv-Box

Dat ass bescht Ënnerhalung fir nëmmen ...

???
Gesamt (eemoleg)
???
Gesamt (all Mount)
Eemoleg Käschten
Käschte pro Mount

All Funktiounen, déi ee sech wënsche kéint

votv feature smartrecord

Opzeechnungen

Mat der Opnamfunktioun kanns Du bis zu 250 Sendungen, egal wéi grouss ophuelen. An dat net nëmme vun doheem aus, mä och vun ënnerwee, mat der VOtv App.

votv feature pause

Live-Paus

Mat Hëllef vun de Paus- , Zréck- a Virspillfunktioune verpass Du keng Sekonn vun denger Liblingssendung. Mat VOtv hues Du d'Kontroll.

votv feature replay

Replay

Du hues keng Zäit eng Sendung ze kucke wa se op der Tëlee kënnt? Kee Probleem, mat VOtv kanns Du bei bal alle Sendere bis zu 7 Deeg an d'Vergaangenheet zeréck reesen.

votv feature epg

TV-Programm

Äddi Tëleeszeitung: Eisen integréierten TV-Guide weist dir ëmmer, wat grad leeft, wat virdru komm ass a wat als nächst kënnt. An dat souguer fir e puer Deeg.

votv feature multistream

Multiscreen

Kee Sträit méi doriwwer, wat een op der Tëlee wëll kucken: Mat Multiscreen kënne verschidde Geräter gläichzäiteg verschidden Inhalter streamen.

AirPlay a Google Cast

Mat Apple AirPlay a Google Cast gëtt all kompatibelt Gerät zu engem VOtv-Empfänger. Och ouni App-Installatioun.

Bild a Bild

Séier eppes noliesen, wärend Deng Liblingssendung leeft? Mat Picture in Picture hues Du alles am Bléck a verpass keng Sekonn méi.

EU inklusiv

Du bass vill ënnerwee? Deng Liblingssendung muss net doheem bleiwen! VOtv funktionéiert iwwerall an Europa.1

Bescht Ënnerhalung
fir wierklech jiddereen

All Altersgruppen, all Genren, déi bescht Ënnerhalung.

VOtv bitt fir jiddereen dee richtege Programm a bei bal alle Senderen och a beschtem HD

All Senderen

De Plus fir all Tëlee

D'VOtv Box ka méi wéi just Live-TV

VOtv Decoder Box

... an nach vill méi aus dem Google Play Store fir Android TV!

Powered by Android TV

Mat Android TV steet Dir eng vun de gréisste Sammlunge vun Apps fir Tëleesapparater zur Verfügung. Vu Spiller iwwer Videostreaming a Musek, bis natierlech zu, VOtv. Do gëtt all Wonsch erfëllt.

Modern Technologie

Mat der neister Technologie bass Du beschtens fir d'Zukunft ausgerüst: bis zu 4K-Opléisung, Dolby Vision, Dolby Digital Plus & Dolby Atmos. Dat perfekt Häerzstéck vun all Kino doheem.

Konnektivitéit

Keng Kabelen? Kee Probleem! Mat der moderner Konnektivitéit ass d'Benotzen och iwwer WLAN ouni Aschränkunge méiglech.Mat deem agebaute Bluetooth-Empfänger loosse sech souguer Game-Controller an aner kompatibel Geräter probleemlos verbannen an notzen.

VOtv ass iwwerall

Däin treie Begleeder

streaming-decives

Op Dengem Tablet

Du kucks léiwer am Gaardenhaische Fussball, wéi op dengem Kannapee? Mat de prakteschen Tablet-Apps vu VOtv ass dat kee Probleem.

An dengem Kino doheem

D'VOtv Box verwandelt all Tëlee an eng komplett Smart TV. An zousätzlech zu VOtv bitt se Zougang zu dausende vu flotten Apps. VOtv elo och op Apple TV verfügbar.

An denger Boxentäsch

Méi wéi e Smartphone mat Android oder iOS brauch een net, fir déi ganz Welt vun der VOtv-Ënnerhalung ëmmer parat ze hunn.

Iwwerall soss

Och wann s Du grad kee Gerät parat hues, op deem s du eis VOtv App installéiere kanns: Eis Web-Client verwandelt bal all Gerät mat Internat-Browser an e VOtv-Empfänger.

Mir si fir Dech do!

Telefon

(+352) 42 44 11 - 1

Méindes bis Freides: 08:15 ze 18:00.

orderquestions local support

Op der Plaz

Mir si frou och perséinlech fir dech do ze sinn, direkt an eisem Sëtz zu Conter.

Esou fënns du ons

E-Mail

support@vo.lu

24 Stonnen den Dag, 7 Deeg an der Woch

Fir Äntwerten op wichteg Froen

Oft gestallte Froen zu VOtv

Wéi eng Geräter ginn ënnerstëtzt?

Aktuell ass VOtv fir iOS iPhone/iPad, Apple TV, Android Phone/Tablet, d' VOtv Box an all gängeg Webbrowser optiméiert.

Kann ech mäi Konto geräteiwwergräifend benotzen?

Sécher! Du kanns deeselwechte Login op all VOtv App benotzen.

Op wéi vill Geräter kann ech mat VOtv gläichzäiteg streamen?

Déi zoulässeg Streaming-Limitt pro VOtv-Konto hänkt vun Denger gebuchter VOtv-Offer of: VOtv+ Family (bis zu 4 parallel Streams), VOtv Comfort (bis zu 3 parallel Streams), VOtv Smart (bis zu 2 parallel Streams).

Wat sinn déi Mindestsysteemufuerderunge fir d'Benotze vu VOtv?

Mir recommandéieren eng Bandbreet vu 50Mbits/s mat enger Internet-Download-Vitess vun op d'mannst 5-8Mbits/s fir HD- a Full HD-Streams. Fir dat best Erliefnes recommandéiere mir Google Chrome, Safari oder Firefox als Browser fir eis Web Client.

Ass eng Internetleitung vu VO fir VOtv néideg?

Iwwerhaapt net! Jiddereen, dee säi feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, kann e VOtv-Abonnement hunn, onofhängeg dervun, bei wéi engem Ubidder e säin Internetuschloss huet.

Wéi kann ech mäi VOtv-Abonnement op menger Tëlee benotzen?

Mir recommandéieren eisen Decoder, d'VOtv Box, ze benotzen. Alternativ kanns Du och Apple AirPlay oder Google Cast op ënnerstëtzte Geräter benotzen, fir direkt vun dengem Smartphone oder Tablet op d'Tëlee ze streamen.

Wéi laang ass eng Opnam verfügbar?

Opname vun Inhalter kënne vu VO zu all Moment an ouni ugekënnegt ze sinn, geläscht ginn. Am Allgemengen hunn d'Opname kee Verfallsdatum a sinn normalerweis mindestens ee Joer laang verfügbar.

Wéi laang kann eng Opnam daueren?

Et mécht keen Ënnerscheed, ob s Du eng 20-Minutte laang Folleg vun enger Serie, oder e ganze Film, ophëls. Béid Opnamen zielen als eng Opnam, onofhängeg vun hirer Lafzäit.

Enthält e VOtv Abonnement schonnn eng VOtv Box?

Well net all eis Clienten en Decoder brauchen, bidde mir en ausschliisslech als Zousazoptioun fir 4,50 € je Box a Mount un. 

Wéi vill kascht d'Aktivéierung vu VOtv?

D'Aktivéierungskäschte fir de VOtv-Déngscht leie bei 49,90 €.

Ginn et e puer praktesch Doppelklicks, déi mat der Fernbedienung vun der VOtv Box benotzt kënne ginn?

Jo, hei sinn e puer Beispiller:

  • 1 Däitsch Senderen
  • 22 Kannerkanäl
  • 66 Lëtzebuergesch Kanäl
  • 77 International Noriichtesenderen
  • 99 franséisch Kanäl

Referenzen a Foussnotten

  1. De Begrëff "Europa" bezitt sech hei op all Länner vun der Europäescher Unioun, nämlech: Éisträich, Belsch, Bulgarien, Kroatien, Zypern, Tschechesch Republik, Dänemark, Estland, Finnland, Frankräich, Däitschland, Griicheland, Ungarn , Irland, Italien, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Malta, Holland, Polen, Portugal, Rumänien, Slowakei, Slowenien, Spuenien a Schweden

  2. Mindestvertragslafzäit fir VOtv: 24 Meint

  3. Publizéiert Präisser beim Bezuele mat enger Domiciliatioun. Ouni Domiciliatioun ginn zousätzlech 1,7 € inkl. MwSt. gerechent. Rechnung op Pabeier: zousätzlech 1,99 € inkl. MwSt.

icon hamburgersearchglobeicon closeicon arrow rightvo4mewebmailsupportTVicon facebookicon twittericon arrow righticon checkicon pattern circlesicon checkicon arrow rightorderquestions hotline supportorderquestions local supportorderquestions order supporticon add circle lineicon indeterminate circle line